logo

Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

D’Bremer Stadmusikanten

March 9, 2020 @ 10:30 am - 11:30 am

€15

D’Bremer Stadmusikanten / music and storytelling for families / 5+ / Direction, concept: Dan Tanson / storytelling: Betsy Dentzer / Violin, idea, concept: Virginie Descharmes / Violin: Benjamin Lescoat / Alto: Wendy Ruymen / Cello: Thomas Lucks / Movements & manipulations:  Pietro Gaudioso, Anaël Chaval / Costumes & stage: Alexandra Lichtenberger / with music from Bach and Haydn / Production: Philharmonie de Luxembourg, Festival Artonov, Lecture-aventure a.s.b.l.

 

Jorelaang um Haff murksen ouni e gutt Wuert a gesonde Kascht… den Iesel, den Hond, d’Kaz an d’Hong si schappeg drun an hunn es sat! De Meeschter wëll se ëm den Eck bréngen, awer ier et souwäit ass, maache si sech aus dem Stëpps. Ma wat kann e scho maachen, wann een al a midd ass? Virun engem Duerf fale si sech iwwert d’Féiss a fannen eraus, datt se alle véier gäre Musek maachen. All Déier huet seng eege kleng Melodie. Ui, ui, ui, wat eng Kazemusek … awer mat e bëssen Übung klengt et op emol guer net sou schlecht! Vun elo un zéie si zesumme weider — et reest sech nämlech besser zu féier wann een al a midd ass. Ma wou solle se nëmmen hi goen? „Komm mir ginn op Bremen“, seet d’Hong. „Hei an do gi mer an d’Musek! Ech hunn nämlech gelies si siche Leit!“ 

Wäerte si et fäerdeg brénge fir mat deenen aneren zesummen ze spillen an eng Band ze grënnen, eng Band di staark a lëschteg ass? Wie wäert den Déiere bei dëser aussergewéinlecher a musikalescher Rees hëllefen? 

Details

Date:
March 9, 2020
Time:
10:30 am - 11:30 am
Cost:
€15
Website:
http://www.kinneksbond.lu/de/5/eid,3662/agenda/junges-publikum/D%27BREMER+STADTSMUSIKANTEN.html

Venue

Kinneksbond Mamer
42 Route d'Arlon
Mamer, 8210 Luxembourg
+ Google Map
Website:
www.kinneksbond.lu