Back to All Events

DEN ASSIPATTLE AN DEN DRAACH an aner keltesch Geschichten

  • Keltenhaus 1, rue Principale L-5290 Neihaischen (map)
CLOSED EVENT

Den Assipattle kritt näischt op d’Rei. Anescht wéi seng grouss Bridder sëtzt hien de léiwe laangen Dag beim Kamäin an denkt sech Geschichten aus. Ma wéi enges Daags en Draach d’Land onsécher mëscht, do fänkt de Bouf un, iwwert sech eraus ze wuessen.

D’Erzielerin Betsy Dentzer luet an op eng Rees duerch d’keltesch Landschaften, an deene Wand a Wellen ural Geschichte mat sech droen. Si weise, wéi Heldinnen an Helde gebuer ginn, wéi wäit d’Fantasie eis féiere kann…a firwat Draachen eigentlech eng Zännbiischt bréichten.

D’Diere ginn um 18h00 op.

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

Organisatioun: Lëtzebuerger Guiden a Scouten

 

 
Previous
Previous
27 February

QUEESCH DUERCH DE GAART

Next
Next
25 March

KICHEGERABBELS (relaxed performance)