Back to All Events

KICHEGERABBELS

  • Cueb521 Marnach 1-3 Driicht Marnach, Clervaux Luxembourg (map)

Musikalesch Erzielung mat Kammermusek a Bräiläffel


RELAXED PERFORMANCE

Nu kuck, an opeemol ass d’Kichegeschier lieweg ginn!

Tëscht gefëllte Croissanten a geblimmelten Téitasen schwieft e klengt Zockerdëppechen duerch eng fantastesch Welt: Nossknacker, déi danzen, Jhellis-Téikäpp, déi am Däischtere liichten…et dämpt an dréint a rabbelt a réiert. An dann ass do nach deen toxkäppegen Deckel, deen net esou richteg bei säin Dëppche wëllt passen…

“Kichegerabbels” verbënnt d’Wierk La Revue de Cuisine vum Bohuslav Martinů mat Objetstheater an Erzielung an erzielt op spilleresch a visuell Aart a Weis, wéi d’Kiche kann zur Bün ginn. Musek, Beweegung a Sprooch fléissen aneneen an erméiglechen eis e ganz neie Bléck op  Géigestänn, déi mir all Dag benotzen ouni all ze vill iwwert se nozedenken.

Eng Relaxed Performanceriicht sech un e Publikum, dee vun enger inklusiver an entspaanter Atmosphär ronderem a wärend engem Bünespektakel profitéiert, besonneg u Mënschen mat spezifesche Besoin’en, zum Beispill mat enger kierperlecher oder kognitiver Behënnerung, mat Konzentratiounsschwieregkeeten, Angschtstéierungen oder och chronescher Péng. De Begrëff dréckt aus, dass all eenzelne Mënsch am Theater -oder Kulturraum Wëllkomm ass, ouni iwwert séng perséinlech Grenze mussen eraus ze goen. De Begrëff gëtt ausserdem och fir Virstellunge fir ganz kleng Kanner an hier Eltere benotzt.

Zu de Méiglechkeete vun enger Relaxed Performance kënnen e.a. gehéieren: méi Beweegungs- an Expressiounsfräiheet, en adaptéiert Toun- a Beliichtungskonzept, eng individuell Betreiung virun a wärend der Virstellung, Réckzuchs-Uerter an eng detailléiert Informatioun am Viraus.

Programm: 

BOHUSLAV MARTINU – La Revue de Cuisine, H. 161

clarinette, basson, trompette, violon, violoncelle et piano.


Alter: 6+

Sprooch: Lëtzebuergesch


Kopla Bunz:

Regie: Ela Baumann

Erzielung & Objetmanipulatioun: Betsy Dentzer 

Luuchtendesign: Krischan Kriesten

Make up artist: Valentina Becker

Accessoires: Marko Mladenovic

Regieassistenz: Piera Jovic

Theaterpedagogik: Laetitia Lang

Bléck vu baussen: Audrey Dero


Kammerata Luxembourg:


Gei: Sandrine Cantoreggi

Cello: Pierre Fontenelle

Klarinett: Stefan Kronthaler 

Fagott: Victor Cariou

Trompett: Jeff Mack

Piano: Béatrice Rauchs


Produktioun: Kammerata Luxembourg

Koproduktioun:: Kopla Bunz, Escher Theater, Trifolion Echternach, Cube 521 Marnach.

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, Oeuvre Nationale Grand-Duchesse Charlotte, Fondation Loutsch-Weydert, Fondation Indépendance, Fondation Été

 

©Bohumil Kostohryz

©Bohumil Kostohryz

©Bohumil Kostohryz

Previous
Previous
26 April

KICHEGERABBELS

Next
Next
10 June

KICHEGERABBELS