Back to All Events

ZONGENZODI

  • Kinneksbond 4, um Kinnek Mamer Luxembourg (map)

ZongenZodi ass en Erzielstéck voller Freed un der Sprooch an um Spill mat Buschtawen a Wierder. Et erzielt eng beréierend Geschicht, déi zum Nodenke bréngt, ma och d’Laachmuskelen net vergësst.

Den Här Pierre schafft am Wierderbüro.

All Dag um Punkt 8 Auer liest hien duerch säi Radiosmikro d’Wuert vum Dag vir. Hien erkläert genee wat all Wuert heescht a wéi eng Sätz een domat ka maachen.

Jidderee lauschtert dem Här Pierre seng Radiossendung, fir ze léieren, uerdentlech ze schwätzen. Et gi keng Dommheete mat deene Wierder gemaach! Et gëtt och net getuddelt an einfach esou drop lass gebraddelt!

Alles huet seng Uerdnung: Véiereckeg – praktesch – gutt!

Ma enges Daags daucht d’Zoé am Här Pierre sengem uerdentleche Liewen op…an op eemol geréit alles duercherneen !

Alter: 5+/ Cycle 1.2 (Spillschoul), Cycle 2

Dauer: 45’

Sprooch : Lëtzebuergesch

Vun a mam Luisa Bevilacqua, Betsy Dentzer

Bünebild a Kostümer Peggy Wurth

Luucht Domenic Koehler

Bléck vu baussen Ela Baumann, Jean Bermes, Claire Parsons

Koproduktioun Escher Theater ; Erzielkonscht a.s.b.l.

Crédit photos : Patrick Galbats

 

 
Previous
Previous
13 September

STORIES TO GO

Next
Next
9 October

UNDERGROUND