Mat Dir!

Theater & Musek

“Heiansdo wees ech guer net méi, wat wierklech geschitt ass an wat ech erfannen. Muss mech ëmmer nees selwer erënneren. Offensichtlech fënnt et statt, gläichzäiteg fake. An och erëm net. Keen kann raus aus dem Kabes. Zumindest fillt et sech fir mech esou un…”

Säitdeem d’Isa mat senger Mamm geplënnert ass, geet him alles ferme op d’Nerven. Et fënnt kee wierklechen Uschloss a souwéisou ass a sengen Aen alles sënnlos. Déi Welt, an déi d’Isa geworf ginn ass, gefält him net, an déi Zukunft, déi déi Erwuessen him verspriechen, wëll et net. Dowéinst entscheet hatt, einfach alles ze veränneren. Am Plaz ze maache, wat alleguer mengen, wat ee maache muss, mécht hatt sech op d’Sich no der eegener Stëmm. Lues awer sécher mierkt et, dass et ëmmer nëmme funktionéiert huet, ouni ze wësse firwat. Vun elo u wëll d’Isa säi Wee goen. Mä ganz esou einfach ass dat eben net, scho guer net, wann een sech dann dach net komplett isoléiere kann a kucke muss, mat all deenen aneren ze liewen, ouni sech zu verstellen. Mat dir! ass ee Klassenzëmmerstéck fir Jonker ab 14 Joer mat Live-Musek. Ouni Distanz gëtt hei d’Realitéit vu jonke Mënschen thematiséiert, déi an enger oniwwersiichtlecher Welt no Orientéierung an hirem eegene Wee sichen.

Mat Dir! ass e Klassenzëmmerstéck fir Jonker vu 14 Joer un. Et ka vu Schoule gebucht ginn; pro Virstellung kann eng Klass deelhuelen a gespillt gëtt - wéi den Numm et scho seet - am jeweilige Klassesall.

Want to know more?

Mat Dir!

Year of creation: 2026
Duration: 45 minutes
Age: 14+
Language: LU
Booking: scolaires@cape.lu

Text & directing: Olivier Garofalo
Performance: Betsy Dentzer
Accordeon: Frin Wolter
Production: Centre des Arts Pluriels Ettelbruck - CAPE
Partners: Lycée Technique d´Ettelbruck

Pictures: ©Bohumil Kostohryz

Past shows

Mat Dir! huet 2026 a folgende Schoule gespillt (14 Virstellungen):

Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique Ettelbruck, Antenne Putscheid, Lycée Aline Mayrisch, Lycée Mathias Adam, Lycée Nic Biever Dudelange, Lycée Robert Schumann Luxembourg, Lycée Technique d’Ettelbruck

Future shows

méiglech Tournee-Date fir 2027:

08.01.2027
13. - 15.01.2027
20. - 22.01.2027
11. - 14.05.2027

Previous
Previous

KopLaachBus (8+)

Next
Next

Tell it again, Sam (15+, adults)