„Drei Liter!“ ass eng immersiv Kreatioun, eng Rees tëscht gëschter, haut a muer, eng Ausenanersetzung mat individuellen, mee och gesellschaftlechen Haltungen an Emotiounen an Zäite vu Krich.
> Detailer kommen no <
„Drei Liter!“ hu se geruff, fir net dat ze soe wat vun hinne verlaangt gouf. Eng kleng Resistenz an engem Alldag, an deem déi grouss Oppositioun ze geféierlech war, an an engems Deel vun de ville Themen, déi am Cube 521 op den Tapis kommen.
Déi kënschtleresch Equipe lued an op ee Parcours tëscht multimedialer Installatioun a Live-Performance, gefiddert duerch den Austausch mat Leit an Institutiounen aus der Regioun. Den Zuschauer gëtt selwer zum Acteur: duerch e perséinlechen Zougang zu de sëllege verknäppten Themen soll d’Erliefniss zu enger Reflexioun iwwert dat eegent Denken an Handelen alueden.
„Drei Liter!“ ass och déi final Produktioun vum Projet „Vum HéiereSoen“. An dësem Kader huet de Kënschtler-Duo Betsy Dentzer a Misch Feinen zanter 2024 eng Recherche-Rees duerch Begéignungen, Gespréicher an allerlee Visiten duerch d’Lëtzebuerger Land a méi spezifesch de Klierfer Kanton ënnerholl. Zil vum Laangzäit-Projet ass, souwuel vergaangen Erliefnisser festzehalen, ma se gläichzäiteg ze notzen, fir op haut a muer ze kucken: WAT HUET DAT ALLES HAUT NACH MAT MIR ZE DINN?
Commande a Produktioun: Cube521 Marnach
Emsetzung: Erzielkonscht a.s.b.l.
Kënschtleresch Leedung: Betsy Dentzer & Misch Feinen
Finanziell Ënnerstëtzung: Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte
E grousse Merci de Biergerinnen a Bierger aus dem Kanton Klierf fir d’Deele vun hiere Geschichten an Anekdoten souwéi all den Vertrieder.inne vun den Institutiounen, déi mer begéinen duerften.