Back to All Events
Am Bësch geet et héich hier. Et kraacht am Ënnerholz, et wibbelt am Bliederkoup, et raschelt hei vir an dohannen…an heiansdo wëll ee guer net esou genee dohinnerkucken.
Tëscht Wuerzelen a Bamspëtzte laueren allerlee Geschichten: grujeleger a geheimnisvoller, wëller a wonnerlecher. Geschichte vun allbekannte Bëschbewunner an nei entdeckten Naturgestalten, vun Déieren a Mënschen – an dovu, wat geschitt, wa mir Mënsche mengen, déi Bësch géng eis gehéieren.
Erzielung: Betsy Dentzer
D’Diere ginn um 18h00 op.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.
Organisatioun: Lëtzebuerger Guiden a Scouten