Musikalesch Erzielung mat Kammermusek a Bräiläffel
RELAXED PERFROMANCE
Nu kuck, an opeemol ass d’Kichegeschier lieweg ginn!
Tëscht gefëllte Croissanten a geblimmelten Téitasen schwieft e klengt Zockerdëppechen duerch eng fantastesch Welt: Nossknacker, déi danzen, Jhellis-Téikäpp, déi am Däischtere liichten…et dämpt an dréint a rabbelt a réiert. An dann ass do nach deen toxkäppegen Deckel, deen net esou richteg bei säin Dëppche wëllt passen…
“Kichegerabbels” verbënnt d’Wierk La Revue de Cuisine vum Bohuslav Martinů mat Objetstheater an Erzielung an erzielt op spilleresch a visuell Aart a Weis, wéi d’Kiche kann zur Bün ginn. Musek, Beweegung a Sprooch fléissen aneneen an erméiglechen eis e ganz neie Bléck op Géigestänn, déi mir all Dag benotzen ouni all ze vill iwwert se nozedenken.
Eng Relaxed Performance riicht sech un e Publikum, dee vun enger inklusiver an entspaanter Atmosphär ronderem a wärend engem Bünespektakel profitéiert, besonneg u Mënschen mat spezifesche Besoin’en, zum Beispill mat enger kierperlecher oder kognitiver Behënnerung, mat Konzentratiounsschwieregkeeten, Angschtstéierungen oder och chronescher Péng. De Begrëff dréckt aus, dass all eenzelne Mënsch am Theater -oder Kulturraum Wëllkomm ass, ouni iwwert séng perséinlech Grenze mussen eraus ze goen. De Begrëff gëtt ausserdem och fir Virstellunge fir ganz kleng Kanner an hier Eltere benotzt.
Zu de Méiglechkeete vun enger Relaxed Performance kënnen e.a. gehéieren: méi Beweegungs- an Expressiounsfräiheet, en adaptéiert Toun- a Beliichtungskonzept, eng individuell Betreiung virun a wärend der Virstellung, Réckzuchs-Uerter an eng detailléiert Informatioun am Viraus.
Programm:
BOHUSLAV MARTINU – La Revue de Cuisine, H. 161
clarinette, basson, trompette, violon, violoncelle et piano.
Alter: 6+
Sprooch: Lëtzebuergesch
Kopla Bunz:
Regie: Ela Baumann
Erzielung & Objetmanipulatioun: Betsy Dentzer
Luuchtendesign: Krischan Kriesten
Make up artist: Valentina Becker
Accessoires: Marko Mladenovic
Regieassistenz: Piera Jovic
Theaterpedagogik: Laetitia Lang
Bléck vu baussen: Audrey Dero
Kammerata Luxembourg:
Gei: Sandrine Cantoreggi
Cello: Pierre Fontenelle
Klarinett: Stefan Kronthaler
Fagott: Victor Cariou
Trompett: Jeff Mack
Piano: Béatrice Rauchs
Produktioun: Kammerata Luxembourg
Koproduktioun:: Kopla Bunz, Escher Theater, Trifolion Echternach, Cube 521 Marnach.
Ënnerstëtzung: Ministère de la Culture