Back to All Events

KICHEGERABBELS

  • Trifolion Echternach 2 Porte Saint Willibrord Echternach, Echternach, 6486 Luxembourg (map)
GET TICKETS

Musikalesch Erzielung mat Kammermusek a Bräiläffel

SCHOULVIRSTELLUNG

Nu kuck, an opeemol ass d’Kichegeschier lieweg ginn!

Tëscht gefëllte Croissanten a geblimmelten Téitasen schwieft e klengt Zockerdëppechen duerch eng fantastesch Welt: Nossknacker, déi danzen, Jhellis-Téikäpp, déi am Däischtere liichten…et dämpt an dréint a rabbelt a réiert. An dann ass do nach deen toxkäppegen Deckel, deen net esou richteg bei säin Dëppche wëllt passen…

“Kichegerabbels” verbënnt d’Wierk La Revue de Cuisine vum Bohuslav Martinů mat Objetstheater an Erzielung an erzielt op spilleresch a visuell Aart a Weis, wéi d’Kiche kann zur Bün ginn. Musek, Beweegung a Sprooch fléissen aneneen an erméiglechen eis e ganz neie Bléck op  Géigestänn, déi mir all Dag benotzen ouni all ze vill iwwert se nozedenken.

Programm: 

BOHUSLAV MARTINU – La Revue de Cuisine, H. 161

clarinette, basson, trompette, violon, violoncelle et piano.

Alter: 6+

Sprooch: Lëtzebuergesch

Kopla Bunz:

Regie: Ela Baumann

Erzielung & Objetmanipulatioun: Betsy Dentzer 

Luuchtendesign: Krischan Kriesten

Make up artist: Valentina Becker

Accessoires: Marko Mladenovic

Regieassistenz: Piera Jovic

Theaterpedagogik: Laetitia Lang

Bléck vu baussen: Audrey Dero

Kammerata Luxembourg:


Gei: Sandrine Cantoreggi

Cello: Pierre Fontenelle

Klarinett: Stefan Kronthaler 

Fagott: Victor Cariou

Trompett: Jeff Mack

Piano: Béatrice Rauchs

Produktioun: Kammerata Luxembourg

Koproduktioun:: Kopla Bunz, Escher Theater, Trifolion Echternach, Cube 521 Marnach.

Ënnerstëtzung: Ministère de la Culture

 
Previous
Previous
25 March

KICHEGERABBELS (relaxed performance)

Next
Next
26 March

KICHEGERABBELS